HARMONIE CLEMENCY  a s b l
                                                                                                    


Home Historique Harmonie Guestbook Agenda Jugendensembel
 Kauzekäppercher
"Fräschebléiser" News
Events & Photos


Noruff op den Daniel Hautus





Laangjärege Präsident an aktive Musikant vun der Kënzeger Musik

No enger hefteger an heimtükescher Krankheet ass den Daniel Hautus - e Kënzeger Jong duerch an duerch - den 7. Dezember 2010 am Alter vun eréischt 49 Joer gestuerwen an huet virun allem

seng Mamm, seng Fra a seng zwee Kanner fir ëmmer verlooss. Dat ganzt Duerf – säin Duerf – wuar geschockt vun där schrecklecher Nochriicht, a seng vill Kollegen a Frënn konnten et einfach net gleewen. Domadder hat kee gerechent, och wann gewosst war, dat den Dan zënter e puer Méint gesondheetlech Problemer hat.

Säi ganzt Liewen huet den Daniel zu Kënzeg verbruecht, an deem Kënzeg un deem säin Härz houng. Hien ass do opgewuess, huet als Kand do gewunnt an huet och do seng Famill gegrënnt. No senger Schoul- a Militärzäit ass den Dan beim Gesondheetsministère ugestallt ginn. Hei wuar hien vun Ufank un e ganz beléifte Mataarbechter deen ëmmer disponibel an immens hëllefsbereet war. Näischt wuar him do ze vill – alles huet hien mat vill Begeeschterung matgemaach. Mee esou wuar den Dan net nëmmen op senger Schaff. Mat vill Energie an Engagement huet hien sech grad och op politeschem Plang joerelaang fir d’Awunner aus senger Gemeng agesat. Den Dan ass ganz jonk an d’Gemengepolitik gaangen, gouf schonns mat 27 Joer Conseiller, koum an de Schäfferot an ass 10 Joer laang (1997-2007) mat Läif a Séil Buergermeeschter an där Gemeng gewiescht wou hien opgewuess ass. D’Gemengepolitik war iwwert déi ganz Joeren seng grouss Passioun.

Seng aner grouss Passioun awer war säi Veräin, d’Kënzeger Musik, wou hien schonns mat 9 Joer aktive Member ginn ass an en Instrument geléiert huet. Am Joer 1985 ass hien mat e puer Kollegen aus der Musik dem Komitee bäigetrueden an huet ugefaangen Responsabilitéit am Veräin mat ze iwwerhuelen. Ënnert der Presidentschaft vum Gilly Jeitz huet hien sech intensiv an d’Veräinsféierung ageschafft an gouf 1990 Vizepresident. Hien huet direkt probéiert Afloss ze huelen an huet versicht zesumme mat senge jonke Kollegen hier Visiounen am Veräin ëmzesetzen. Wie kann sech net drun erënneren, wéi si hire Courage an de Grapp geholl a ganz nei Weeër mam „Fräschefest“ ageschloen hunn. A wéi dunn dee Projet och nach grouss ageschloen ass, war dem Daniel seng Positioun op sämtlechen Niveauen am Veräin konfirméiert. Et huet dunn och keen iwwerrascht, wéi hien 1996 d’Presidentschaft iwwerholl huet, an et huet keen drun gezweiwelt, datt dee positiven Trend elo géing weidergoen. Iwwerzeegt dovunner, dat d’Jugend d‘Zukunft vum Veräin wier, huet hien sech intensiv fir d’Jugendaarbecht a fir eng Museksschoul am Veräin agesaat.

Och um organisatoresche Plang huet den Dan permanent nei Iddien entwéckelt an dobäi awer ni vergiess och Ureegungen vun senge Matmemberen am Veräin opzegräifen fir dann am Team déi Projet’en am Sënn vum Veräin ze realiséieren. Et war och genau déi Zielstriewegkeet an déi
Fàegkeet d’Fiedem ze zéien, déi dem Veräin een enormen Opschwong bruecht hunn. Seng onkomplizéiert Art a Weis, seng Charakterstärkt an Ausdauer, seng Kollegialitéit a seng Omnipräsenz op sämtleche Gebidder vum Veräin waren et déi eis alleguer motivéiert hunn mat no vir ze goen an esou zesummen op een Niveau ze kommen, deen Sengesgläichen sicht.

Besonnesch agesat huet den Dan sech awer och joerelaang fir déi aus dem Jumelage mat Gaflenz an Eisterräich entstane Frëndschaft tëschent de Leit aus den zwou Gemengen ze festegen an auszebauen. Seng Impulser hunn derzou gefouert, dass duerch dës déif Frëndschaft dem Veräin op kulturellem an op gesellschaftlechem Plang nei Dieren opgaang sinn. Wat hu mir formidabel Momenter zesummen mat eisen éisträicheschen Frënn erliewt - an dat alles ënnert der Regie vun eisem Präsident, dem Dan!

Och wéi d’Musek an d’Pompjeeën 2005 hier 100 Joer konnte feieren, war den Dan omnipräsent – als Buergermeeschter op der Gemeng an als Präsident am Veräin – an huet all nei Iddi mat grousser Begeeschterung voll ënnerstëtzt. Ëmmer konsensbereet, dat wuar seng ganz perséinlech Stäerkt. Mënschlechkeet a Respekt virun deene anere Leit, dat alles waren Wäerter fir déi den Dan agestanen ass. An dach: näischt wuar him méi wichteg ewéi seng Famill, en harmonescht Liewen doheem mat enger staarker Fra u senger Säit a Kanner déi dem Dan ganz vill Freed a Satisfaktioun am Liewen bruecht hunn.

Grad well mir hien elo iwwerall esou immens vermëssen, si mär him et schëlleg a sengem Geescht a mat senger Energie weider ze fueren.

Eent ass op jidder Fall sécher. Den Daniel huet an eisem Veräin eng Eiereplaz verdéngt a keen, deen hien kannt huet, wäert hien jee vergiessen. Niewent dem Brigitte, dem Lynn, dem Jérôme a der ganzer Famill, wäerten och d’Leit aus der Gemeng Këinzeg a ganz besonnesch seng vill Frënn aus der Musek den Dan als immense Kärel mat deem een duerch Deck an Dënn konnt goen, als gudden an humorvolle Mënsch, als virbildlechen a grondéierleche Gemengepolitiker, als dynameschen a enthousiastesche Veräinspresident vermëssen an hien nach ganz laang an allerbeschter Erënnerung behalen.

Fir och senger léiwer Fra, senge Kanner an senger Famill eis Sympathie an eist déift Matgefill ze beweisen, spille mir den 30. Abrëll eise Gala-Concert als Hommage un den Daniel. Mär wäerten all eis Energie dru setzen fir dësem Concert ee besonnesche Stempel opzedrecken.

Äddi Dan, mir vermessen Dech !








 lt 2011